Publié le 26 août 2024

"Wëllplanzesom Lëtzebuerg" an Ärer Gemeng!

"Wëllplanzesom Lëtzebuerg" an Ärer Gemeng!
Dir wëllt eis heemesch Biodiversitéit ënnerstëtzen? Dat kënnt Dir schonns mat engem klenge Beet bei Iech doheem!

Blummen a Kraider, déi natierlech bei eis virkomme si wichteg Fudderplanze fir eis heemesch Päiperleken an aner Insekten.

Dir huet d’Méiglechkeet bei eis an der Gemeng en Echantillon mat Wëllplanzesom Lëtzebuerg-Geseems fir 1 m2 sichen ze komme (d’Quantitéit ass begrenzt) fir dëse Som an Ärem Gaart elo unzeséien, soudass Dir d’nächst Joer mat engem faarwege Gaart an d’Fréijoer starte kennt.

***

"Wëllplanzesom Lëtzebuerg" dans votre commune !
Vous voulez soutenir notre biodiversité locale? Alors, il suffit de créer un petit parterre chez vous!

Fleurs et herbes naturellement présentes au Luxembourg sont des plantes nourricières essentielles à nos papillons et autres insectes indigènes.

Vous avez la possibilité de venir chercher un échantillon de semences de Wëllplanzesom Lëtzebuerg pour 1 m2 dans votre commune (la quantité est limitée). Semez ces graines dès maintenant pour profiter d’un jardin en floraison multicolore à partir du printemps prochain.