Associations locales

Publié le 19 septembre 2023

2023-11-03 23:00:00+00:00 00:00 23:59
2023-11-04T23:00:00+00:00

Hämmelsmarsch

Informations générales


04.11.2023 - 05.11.2023


(Samschdes, 04.11. : Hämmelsmarsch vun 8 bis 17 Auer)
(Sonndes, 05.11. : Hämmelsmarsch vun 8 bis 12 Auer)

 

Stroossener Kiermes

D’Kiermes ass d’Fest vun de Schutzpatréiner vun der Por Stroossen. Am Fréijoer gëtt den Hl. Albinus an am Hierscht den Hl. Laurentius gefeiert. Bei dëser Geleeënheet spillt d‘Stroossener Musek den traditionellen Hämmelsmarsch a mécht eng Kollekte fir nei Instrumenter. Vun 10€ un spille mir en Tusch, vun 15€ un d‘Kiermeswalz an vu 25€ un en 3fachen Tusch an d‘Kiermeswalz. Dir kënnt eis och mat all anerem Don ënnerstëtzen.

Mir soen Iech Merci a wënschen eng schéi Kiermes.

 

Kermesse à Strassen

La «Kiermes», fête votive des deux protecteurs St. Albin et St. Laurent de la paroisse Strassen, est célébrée en printemps et en automne.
A cette occasion la Fanfare Stroossen joue le traditionnel «Hämmelsmarsch» et organise une quête destinée à l’achat de nouveaux instruments pour les musiciens. Un «Tusch» est offert à partir de 10€, la valse «Kiermes am Duerf» à partir de 15€, un triple «Tusch» et la «Kiermes am Duerf» à partir de 25 €. Vous pouvez soutenir votre fanfare également par tout autre don.

La Fanfare Stroossen vous remercie et vous souhaite un bon dimanche de Kermesse.

 

Kermis in Strassen

« Kiermes », the celebration of the two protectors of Strassen’s parish, St Albin and St Laurentius, takes place in spring and autumn. The Fanfare Stroossen is performing the traditional Hämmelsmarsch for all inhabitants. A fund raising collect tries to bring enough money together to purchase new instruments for the musicians. A “Tusch” will be performed for 10 € or more, the waltz “Kiermes am Duerf” for 15 € or more, a triple “Tusch” together with “Kiermes am Duerf” for 25 € or more. You are free to support your Fanfare by any other donation.

Fanfare Stroossen thanks you and wishes you a joyful Kermis Sunday.

 

* * * * * * * * * * * * *

 

„Den Hämmelsmarsch ass eng al Traditioun“, heißt es immer wieder. Der traditionelle Hämmelsmarsch steht in Relation mit der von Johann dem Blinden im Jahre 1340 gegründeten „Schuebermëss“. Der Brauch stammt von der Schützen-gesellschaft Sankt-Bastian, deren Mitglieder berechtigt waren, einen bestimmten Teil der Gelder, die von den Spielen der „Schuebermëss“ erhoben wurden, einzukassieren

 

D'Musekstéck Hämmelsmarsch
Text vum Michel Lentz


1. Stroph

'T as Kiirmesdag an eng Gei jéngt muerges an der Gaass,
'T jäitzt eng Clarnett an 't brommt eng schaddreg Baass,
An d'Hämmel gin derbei mat Bänn a Flettschen un,
Blénkeg zënne Plettlen an der Rei sin hannendrun,
Sin hannendrun;

An d'Kanner loossen hire Kaffi ston
Fir deene schéinen Hämmel nozegon
Wou d'Musek as, déi spillt sou lëschteg d'Gaassen an,
Fir bei all grouss Hären an der Stad hir Ronn ze man,
Hir Ronn ze man.

 

2. Stroph

D'Leit si gebotzt an si hun hir schéinste Kleeder un,
D'Kamäiner dämpen, d'Kächen, déi sinn drun,
d'Pan an der Fuesend, déi ass nët esou geplot,
Well et ass haut nët genoch mat engem Hämmelsbrot,
A mat Zalot.

An aus der Friemd sinn d'Lëtzebuurger do,
Op d'Kiirmes kommen si vu wäit an no,
'T as aus der Heemecht keen, a wir en iwer d'Mier,
Op de Schuebersonndeg, 't ass gewëss, dann denkt ën hier,
Dann denkt ën hier.

 

3. Stroph

Hun d'Hämmel dann d'Musikanten d'Neipuert ausgeleet,
Mam Fouermeeschter voll Gléckséilegkeet,
Da sëtzen d'Leit um Dësch mat hire Kirmesgescht,
d'Tell're klënken, jiddereen, deen deet sei meescht, sei bescht,
Sei meescht, sei bescht.

D'Gemitlechkeet, déi schenkt en d'Glieser aan,
An d'Lëschtegkeet, déi blénkt aus allen Aan,
De Quetschekoch, dee schmaacht ewéi de beschte Bond,
D'Fra vum Haus as frou, well alle Mënsch e gutt huet fond,
E gutt huet fond.

 

4. Stroph

An d'Schuebermëss, déi ass dann an hirem volle Glanz;
D'Trompett an d'Gei déi ruffe bei den Danz;
Grouss Schëlter op de Lietsche gi wëll Déieren un,
Wouvun as s'am ofsten nët en Hoor dobannen hun,
Dobannen hun.

Hei weisen si e Riis, dee Sable frësst,
An do e schwaarze Mann, deen Tubak ësst;
All Wonner vun der Welt, déi ka mer hei gesin,
Nëmmen nët e Mensch, deen iech fir näischt géif eppes gin,
Géif eppes gin.