Culture et Sport

Publié le 19 septembre 2023

2023-11-21 23:00:00+00:00 19:30 23:59
2023-11-21T23:00:00+00:00

Musikalesch Liesung mam JEMP SCHUSTER a CLAIRE PARSONS

Informations générales


22.11.2023 19:30

Centre Culturel Paul Barblé


52, rue des Romains
L-8041 Strassen


"Kromburg oder Kromber ass en Éisleker Duerf, dat sech net vill vun aneren Dierfer ënnerscheet. Déi Kromber Béischte kommen engem kënneg vir. Wat déi Al mat vill Schweess iwwer Generatiounen zesummegekraazt hunn, dat mussen déi Jonk versuergen a weiderginn. Do bleift net vill Plaz fir Dreem a grouss Gefiller. Hannert de Mauere vun de gewäissten Haiser geschéie Saachen, déi keen dobaussen eppes uginn.
Wéi 1940 d’Preisen d’Duerf an d’Land besetzen, traut kee méi deem aneren. De Felix Drengler gëtt 1942 agezunn. Seng jonk Fra Anni erwaart e Kand vun em. D’Milli léiert säi Papp ni kennen. De Felix bleift vermësst.
1945, d’Duerf ass nom Krich am Opbau, verschwënnt de Leo, e Bouf vun 13 Joer. Och deen daucht net méi op. Eenzel Leit am Duerf schéngen awer méi ze wëssen, wéi se soen. Iwwert de Felix an iwwert de Leo.
D’Duerfgespréich gëtt esou schlëmm, datt d’Anni et net méi doheem aushält."

Jemp Schuster
De Jemp Schuster liest aus sengem neie Roman BÉISCHTEN. (Verlag KREMART 2023).

E stellt sech an d’Rei nieft déi zwéin aner Romaner: Bluttsëffer (2020) an Ouereschlëffer (2021). Et ass awer eng ganz nei Geschicht.
An deem klengen Éisleker Duerf, zu Kromber, geschéien an de Joren 1942 bis 1949, Saachen, déi am beschte keen
dobausse gewuer gëtt. Wat anerwäerts einfach ënnert den Teppech gekiert géif ginn, läit hei nach e bësse méi déif begruewen.

Claire Parsons
Zanter hirem éischte Präis um “Luxembourg Music Awards” am Joer 2019 ass d’Claire Parsons international als JazzGesangsolistin, Instrumentalistin a Komponistin bekannt a gefrot.
2020 huet si hire Studium am Jazz Gesang mat engem Master um Conservatoire Royal zu Bréissel ofgeschloss an ass zanterhier, als fräischaffend Musekerin, op villen nationalen an internationale Bünen a Festivaler ze gesinn an ze héieren.