Culture et Sport

Publié le 03 septembre 2024

2024-10-01 22:00:00+00:00 19:00 20:15
2024-10-01T22:00:00+00:00

Let'z Druddel - kabarettistesch Liesung

Informations générales


02.10.2024 19:00 - 20:15

Centre Culturel Paul Barblé


52, rue des Romains
L-8041 Strassen


---Tickets---

« Lët’z druddel! » ass eng kabarettistesch Liesung
vum a mam Marc Weydert. A sengen Texter spillt den
Diplompädagog a Musiker mat der Lëtzebuerger
Sprooch, kroomt or alt emol e puer méi al Ausdréck
ervir a suergt esou fir lëschteg 70 Minutte voll mat
Humor an Ironie

Ugefaangen huet alles mam Buch « Verdruddelt
Geschichten », verdréinten Erzielungen op
Lëtzebuergesch an a Versform, fir dat de Marc Weydert
zesumme mat der Illustratrice Marie-Isabelle Callier
2021 mat engem 1. Präis beim Concours littéraire
national belount gouf.


No « Zerknujelt Geschichten » (Abrëll 2023) geet den
Auteur elo mat senger kabarettistescher Liesung fir
Erwuessener op den Tour. An enger décker Stonn
presentéiert hie seng Texter, op Lëtzebuergesch, a
Versform, a Verbindung mat bekannte Wierker aus
der Literatur, awer och mat der Aktualitéit an der
Gesellschaft, dat Ganzt mat engem staark ironeschen
Ënnertoun. Begleet ginn d’Texter deelweis vun
Illustratioune vum Marie-Isabelle Callier.

Am Programm 2024 geet et natierlech ëm
d'Aktualitéit, awer och ëm divers Klischeeën. De
Reenert ass mat derbäi, d’Lëtzebuergeschkenntnisser
vum Public ginn op d’Prouw gestallt an eng méiglech
Suite vun der Maus Ketti däerf och net feelen. An de
Roude Léiw, deen huet eng fatzeg Deprimm a werft
d’Handduch um groussherzoglechen Haff.