Publié le 29 octobre 2024

Workshop Fassadenbegréngung – Mir begréngen eis Fassaden

De Projet „Mir begréngen eis Fassaden“ vun der Bauberodung vum Oekozenter Pafendall soll der Bevëlkerung d‘Thema Fassadenbegréngung méi no bréngen. An dësem Kader huet d’Gemeng Stroossen hiren Awunner den 12. Oktober e Workshop an Zesummenaarbecht mam Oekozenter Pafendall a Sicona ugebuede wou si méi iwwert déi méiglech Planze fir Fassadenbegréngung rausfanne konnten a bautechnesch Tipps un d’Hand kruten, wat déi verschidde Planze brauche fir u verschiddenen Zorte vu Fassaden eropklammen ze kënnen. Och wann et deen Dag e gudde kalen Hierschtmoien wor, hu sech awer motivéierten Awunner zesumme fonnt fir vun dëser Offer ze profitéieren. Nom Virtrag ass nach en Trëppeltour duerch d’Cité Piesch gemaach gi fir praktesch Beispiller an der Noperschaft ze entdecken.

Déi konkret Virdeeler vun enger Fassadebegréngung sinn:

  • Steigerung vu Biodiversitéit am urbane Raum
  • Natierlech Killung vu Gebaier a Wunnhaiser, well d’Planze wéi eng Isolatiounsschicht wierken an d’Mauere vrun der direkter Sonnenastralung schützen
  • Ofkillung vum urbane Raum duerch d’Transpiratioun vun de Planzen
  • Méi lues Versickerung vu Reewaasser, vue datt d’Planzen am éischte Moment d’Reewaasser ofbremsen an et réischt no a no an de Kanal offléisse kann. Dëse Phenomen ka bei Staarkreenereignisser, genau sou wéi onversigelte Flächen, hëllefen d’Stroossekanäl ze entlaaschten a schützt sou vrun Iwwerschwemmungen.

Méiglech gemaach ginn ass dëse Projet vum Oekozenter Pafendall duerch de Finanzement vun der OEuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte, déi e Projetopruff zum Thema „reNature – restaurer la biodiversité“ gemaach hat.

Wie lo interesséiert ass e private Projet doheem ëmzesetzen, ka sech gäre bei der Bauberodung vum Oekozenter Pafendall zu méigleche Fixatiounsméiglechkeeten fir eng Fassadebegréngung informéieren oder sech vum Sicona berode loosse wat d’Virdeeler vun der enger oder anerer Planz sinn.

Oekozenter Pafendall
Thécla Kirsch
Tel: 43 90 30-40
Mail: oekozenter@oeko.lu

SICONA
Lisa Siebenaler
Tel: 26 30 36-38
Mail: lisa.siebenaler@sicona.lu